top of page

Regelmässig Eventer

Wëchentleche Spillowend

All Freiden

19:30-23:00

Zesumme mat eisem Partner Social Gaming Luxembourg spillen an erkläre mer all Freides Owes Brietspiller. Kommt a spillt mat.

SOCIAL_GAMING_logo_CMYK No Background.png

Pub-Quiz

Leschten Donneschden am Mount

19:30-23:00

Et ass kee Quiz am August an am Dezember

An Teams vun 4 bis 6 Leit gëtt geknobelt a geroden. Wie weess am meeschten? E flotten Owend bei Spill a Spaass. Op Lëtzebuergesch an Englesch.

people café 2.jpg

Wöchentlechen RPG one-shot Day

All Sonnden 

14:30-19:00

NET DEN 16.04

Eis Game-Masteren deelen hier Erfahrungen an hier Freed um RPG (role playing games) mat Iech. Vergiesst den Alldag a loosst Iech an aner Welten entféieren.

RPG1_edited_edited_edited.jpg

Krimidinner, den 10.05.2023

Wéini: e Mëttwoch, den 10. Mee

vun 19:30 bis 22:00 Auer

Wou: Am Brietspillcafé "Bei de Minettsdäpp"

Präis: 69,00.- €

Sprooch: lëtzebuergesch

Limitéiert Platzen

Méi Informatiounen? contact@bdm.lu

Wat ass e Krimidinner?

Et ass ganz einfach: Där sidd en Deel vun engem Krimispill, wou et drëms geet e Mord opzeklären. All Gaascht am Café ass e Verdächtegen an een ass de Mäerder. Wien ass et? Där braucht näischt weider ze maachen oder ze wëssen, just probéieren ze roden, wien déi abominabel Dot begaangen huet. 

Flotten Owend bei Iessen a Gedrénks an enger geselleger Atmosphäre. 

De Fall:

Mär schreiwen d'Joer 1982. En Zëmmermeedchen gouf dout an engem Zëmmer opfonnt. De Polizeiinspekter ass op der Platz mat senger Assistentin. All d'Entréeën vum Café goufen mat Bännercher ofgeséchert an all d'Gäscht, also Där alleguerten, däerfen d'Lokal net verloossen bis de Fall geléist ass!

Et ass kloer: wann der déi Nuecht an ärem Bett schlofe wëllt, da muss der dem Inspekter hëllefen de Killer ze fannen...

foto Matt Leinwand.jpg

Mär organiséieren eis kommend Eventer op Facebook - kuckt wgl do no fir méi Detailer gewuer ze ginn. Oder abonnéiert eis Newsletter.

Vergaangen Eventer
 


Elo am Verkaaf bei eis am Café, am

Cactus, am Domino an am

Slumberland. 

Limitéiert Unzuel!

 

Reklamm 4_edited.jpg

Second hand Spiller a
Puzzelen: 04.12.2022
 

foto café.jpg


15-16.10.2022

d'Minettsdäpp waren

um GAME ON

 

Photo_edited.jpg


07-10.04.2022

d'Minettsdäpp waren

op der Luxcon

 

Luxcon.jpg


19.03.2022: 

12 Stonne puzzelen

20220319_111310_edited_edited.jpg
20220319_151537_edited.jpg
bottom of page