top of page
Wooden Surface
Wooden Surface

Eis Geschicht

Et wor emol eng Kéier eng lëschteg Equipe, déi sech all Woch an engem Wiertshaus op der Uelzecht getraff huet fir ze drénken, z'iessen, sech z'amuséieren an natierlech eng helle Wull u Gesellschaftsspiller ze spillen. Och de Gérant wor e sympathesche Kärel deen ëmmer dofir gesuergt huet, dat kee verdrësslech gouf. Mä dunn huet d'Schicksal zougeschloen. De Proprietär huet gewiesselt an där lëschteger Equipe ass d'Laache vergaangen. Si hu missen eraus. Aus der Freed ass Verdrësslechkeet ginn :-(

Mä zur selwechter Zäit koum hinnen eng Iddie: firwat net en eegene Café opmaachen? Déi Iddie huet sech konkretiséiert nodeems ee vun hinnen déi richteg Platz erbléckst hat. Si wor ideal vun der Lag, der Gréisst an dem Präis hier.

No laangen Aarbechten freet sech déi lëschteg Equipe lo fir hir wëchentlech Soiréeën erëm opzehuelen. Natierlech ass och all Mënsch wëllkomm, fir matzemaachen.

​

download.png

Renovatioun

bottom of page